Ee Kachbuch fir de gudden Zweck

D’Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch hu sech och dëst Joer erëm an de Projet "Defi" lancéiert mat ville ganz originellen an interessante Projeten.


Si hunn iwwer Wochen mat hiren Tuteuren an Tutricen zesummen hir Iddien ausgeschafft an d’Resultater e Méindeg bei der Diplomiwwerreechung am Forum um Geesseknäppche presentéiert.


E puer Schüler sinn nach ee Schratt méi wäit gaangen an hunn hire Projet mat enger solidarescher Aktioun verbonnen. Si hunn hire Produit verkaf an den Erléis fir de gudden Zweck gespent. Sou och d’Kassandra Tagheu Chakam: hatt huet ee Kachbuch ausgeschafft mat senge léifste Rezepter an huet sech ee Projet vun der Fondation Follereau Lëtzebuerg erausgesicht, deen domat konnt ënnerstëtzt ginn. Den Erléis vu 580€ vun dësem Buch geet un de Projet géint Excisioun am Cercle de Kati am Mali, deen d’Fondation Follereau zesumme mat hirer Partnerassociatioun COFESFA ausféiert. An dësem Projet ginn net nëmme Frae betreit déi exciséiert sinn, mee och ganz vill Opklärung an den Dierfer gemaach fir datt et iwwerhaapt emol net dozou kënnt.


Mir soen dem Kassandra ee ganz grousse Merci fir säin Asaz a fir d’Ënnerstëtzung fir d’Leit aus dem Projet am Mali.


D’Equippe vun der Fondation Follereau