Ënnerstëtzt d'Bildung vun de vulnerabele Kanner zu Lëtzebuerg!

Little children putting their hands together indoors, top view. Unity concept

Eng Reussite fir all Kand - dat ass d’Zil vun der Nohëllef, déi Elisabeth Kanner- a Familljenhëllef zesumme mat Réussit’School ubitt. A well dës Nohëllef fir d’Kanner, déi vun Elisabeth Kanner- a Familljenhëllef betreit ginn, esou wichteg ass, lancéiere mir eng Spendecampagne fir d’Nohëllef och weiderhi kënnen unzebidden.

Elisabeth Kanner- a Familljenhëllef schafft elo scho säit 3 Joer an enker Zesummenaarbecht mat Réussit’School. Am Schouljoer 2021/2022 kruten 2 Kanner jeeweils am Franséischen an an der Mathematik gehollef, 2022/2023 waren et 5 Kanner, déi souwuel an der Mathematik, am Franséische wéi och am Däitschen Nohëllef kruten. Net all Kand léiert op déi nämmlecht Aart a Weis, an dofir gëtt sech dorëms gekëmmert, dass de Programm vun der Nohëllef op all Kand individuell ugepasst gëtt.

Hëlleft eis dobäi et de Kanner ze erméiglechen, gutt an der Schoul mathalen ze kënnen andeems Dir iwwert eis Säit en Don maacht: https://don.elisabeth.lu/soutien-scolaire

D’Kanner soen Iech villmools Merci!