Landesmeeschtertitel fir den Sportfëscherveräin Hollerech

2021 war e schwéiert an ganz speziellt Joer an der Sportfëscherei. Een Sonnden nom aner sinn Concoursen wéinst der Pandemie ofgesot ginn sou dass um Enn nëmmen 5 Fëschen fir Landesmeeschterschaft gezielt konnten ginn.

An do gouf et dëst Joer eng deck Iwwerraschung Net déi favoriséiert Veräiner vun Péiteng an Feelen hunn sech duerchgesat, mé déi Hollerecher sinn 2021 Landesmeeschter am Sportfëschen gin. Si wäerten nächst Joer den 23 an den 24 Juli eis Faarwen op der Clubweltmeeschterschaft zou Charleroi vertrieden.

Klassement

1) Hollerech 13 Punkten

2) Péiteng 16,25 Punkten

3) Feelen 20 Punkten

4) Albes Iechternach 22 Punkten

5) Rousport 22,5 Punkten