Sportfëscherveräin Hollerech vertrëtt Lëtzebuerg op der 41.WM zou Ronquières (B)

Den Sportfëscherveräin Hollerech ass 2021 sensationell Champion de Luxembourg ginn, an kann dëst Joer op der WM den 23 & 24 Juli 2022 untrieden. Gefëscht gëtt an engem Kanal zou Ronquières bei Charleroi. De Kanal verbend Charleroi mat Bréissel an ass 1832 feierlech ageweit ginn. Et kann een schonn gespaant sinn wéi déi Hollerecher sech géint déi weltbescht Veräiner aus der Affär zéien.

Equipe vun Hollerech besteet aus 5 Fëscher an Ersatzfëscher. Folgend Fëscher hun sech qualifizéiert: Marc Haliniak, Vito Rotondo, Val Pletgen, Raymond Schertz, Marc Retter an Martin Seyler. Coach ass den Michel Lanners. Weider gehéieren zum Staf: Carlo Gries, René Huss, Fränz Kreins an Théo Thinnes. Techneschen Beroder ass den Lelé Panteghini. Mir wënschen deenen Hollerecher eng flott WM an dass se mat engem gudden Resultat heem kommen.

Allez Hollerech