Marc Haliniak an Ben Telen Landesmeeschter beim Sportfëschen Master a Veteranen
um weitere Bilder zu sehen.
Laut Beschloss vun der CIPS (internationalen Sportfëscherverband) gëtt Weltmeeschterschaft an Zukunft an zwou Kategorien opgedeelt. Master am Alter vun 55 bis 65 Joer, an Veteranen am Alter vun 65 bis 75 Joer.
Den Dënschden den 4.10.2018 sinn déi lëtzebuergesch Landesmeeschterschaften no 6 Manchen am Sportfëschen op en Enn gaangen. Bei den Master haten sech 17 Konkurrenten ageschriwwen an bei den Veteranen waren et 18 Fëscher.
Gefëscht ginn ass zou Habay-la-Neuve, Messancy, Neufchâteau, Kinneksmaacher an 2 x zou Réimech op der Musel. Et ass traureg dass mer 4 x mussen an Ausland goen wëll mer hei zou Lëtzebuerg keng Gewässer hunn fir esou een Championnat auszedroen. Nach just op der Musel ginn et 2-3 Platzen wou een 20-30 Fëscher kann an eng Rei sëtzen.
Gewonnen huet bei den Master den Marc Haliniak vun Hollerech. Wärend deene 6 Manchen huet am reegelméissegsten gefëscht an ass verdéngt Champion vun Lëtzebuerg ginn. Den zukünftegen Meeschter huet déi 1 Manche zou Messancy souverän mat 11.370 gr gewonnen. No der 2 Manche hat den Val Pletgen Spëtz iwwerholl an huet déi och nach no der 3 Manche verdeedegt. Den 4 Duerchgang ass et dunn nees spannend ginn wëll den Marc Haliniak sech erëm un Spëtz gesat huet mat engem Punkt Virsprong op den Val Pletgen. Déi 5 an déi 6 Manche huet den Hollerecher dunn näischt méi ubrennen gelooss an ass mat 8 Punkten an 27.970 gr souverän Champion vun den Master ginn.
1) Marc Haliniak 8 Punkten 27.970 gr.
2) Val Pletgen 10 Punkten 22.190 gr.
3) Marc Retter 10 Punkten 17.890 gr.
Bei den Veteranen huet Spannung gehalen bis den 3. Duurchgang. Dunn huet den Allemeeschter Ben Telen sech un Spëtz gesat an huet déi bis zum Schluss verdeedegt. Déi 1. Manche hat den Guy Wintersdorf säi Kënnen opblëtze gelooss an huet gefouert mat 1 Punkt an 13.260 gr. No der 2 Manche hat den Jean Gonring déi 1 Platz iwwerholl. Déi 3, déi 4 an déi 5 Manche huet de Ben gewonnen an dunn stoung schonn fréi fest wien 2018 Champion vun Lëtzebuerg vun den Veteranen ginn.
1) Ben Telen 8 Punkten 21.830 gr.
2) Henri Tintinger 11 Punkten 29.160 gr.
3) Serge Petro 11 Punkten 14.770 gr