Rees an d’KZ Natzweiler-Struthof den 13. a 14. September

D’Amicale Natzweiler-Struthof ass den 13. a 14. September zesummen mat intresséierte Leit an d’KZ Natzweiler-Struthof gefuer fir deenen Lëtzebuerger ze gedenken, déi an deem Lager gelidden hunn an do ëmkomm sënn.

Zesummen mat den Amicalen aus Norwegen, Holland, der Belsch an Italien war deen éischten Owend eng ganz emotional „ Veillée aux flambeaux“. Deen zweeten Dag waren déi international an impressionant Feierlechkeeten, 75 Joer no der Evakuéierung vum KZ. Duerno war eng Visite guidée vum Lager fir déi Leit déi nach nët do waren. Den Ambassadeur permanent am Conseil d’Europe zu Stroossbuerg, den Här Stephan Müller, huet eis dobäi begleet. D’Geschicht vun deem Lager konnt esou während zwee intressanten Deeg vermëttelt ginn.

Mir hoffen, datt sech och d’nächst Joer rëm vill Leit un dëser Rees bedeelegen wëllen.