Soroptimist International zeechnen Jeune Entrepreneuse 2023 aus

Luxembourg. Soroptimist International de Luxembourg an de Fonds Soroptimist Luxembourg hate viru kuerzem an de Parc Belair agelueden, wou am Kader vun enger klenger Feier de Präis vun der Jeune Entrepreneuse un Debbie Kirsch vun Devï Studios iwwerreecht ginn ass. Dëse Präis ass dotéiert mat 5000.- a geet all Joer un eng jonk Fra déi eng Entreprise gegrënnt huet an och selwer zanter zwee Joer dirigéiert. Den Objektiv vum Präis ass 1) Fërdere vu Fraen eng Entreprise ze grënnen, an hinnen eng Plattform ze bidden. 2) Hiren Dynamismus an hir Kreativitéit ze ënnerstëtzen an d'Roll vun der Fra an der Wirtschaftswelt unzeerkennen.

Debbie Kirsch erschaaft duerch déi indesch Kultur beaflosst, aus Reschter Stoff, wéi aus dem Saris oder aus aner Materialien Upcycling-Kollektiounen.

Nieft dem Debbie Kirsch hunn nach Marie Kox an Isabelle Weisen ee Certificat vir hier Engagementer kritt. Drei ambitiéise Projeten déi et verdéingt hunn ausgezeechent ze ginn.