Beruffer hunn mat der Zäit an mat der Technik uerg geännert.

Een scharensliep aan het werk. Hij houdt de slijpsteen vast, die door een fietswiel dmv een snaar wordt aangedreven. [1931].

Wien erënnert sech net nach gäeren un d’Freed déi d’Kanner haten wann den „Lompe-Bolli“ Mam Päerd an Teimer, Lompen asammele gong an da krut d’Mamm epuer Tasen mat Telleren a villäicht ee Parzeläins Kaffis- oder Mëllechkrou! An dann den „Hauséierer-Jaky“ deen, un engem laange Rim, eng hölze-Këscht um Bauch hänken hat an däer all méiglecht Haushalts- a Bitzgeschier dra woar. Ma och den Schéierschlëffer an den Dëppegéisser soutzen all Mount een Dag op enger Plaz am Duerf an da koummen aus all Heiser d’Leit erbäi mat Schéieren, Messeren, Panen an Dëppen déi se fir epuer Frang geschlaff a gefléckt kruten. De Woner, de Mëller, de Kuefflechter an de Schwäi-Schluechtert ginn haut net méi gebraucht well dat alles a grousse Wierker erleedegt gëtt. Et woaren eben aner Zäiten… ob deemools oder haut besser ass, muss jidderee fir sech entscheeden.

Ma et woar flott, méi roueg a manner Stress.