Dee leschte Wee geet ëmmer dohin !

Déi eng hunn ee „Mausoléum“ déi aner ee bescheident Graf.

Ass et fir de Räichtum ze weisen, oder Verdéngschter…

Dëst Graf kéinnt ee Mausoléum sinn no der Leeschtung vun däer betraffener Persoun. D’Camrguer Kräiz oder Croix des Gardians ass vun deem Mann, dem Moler Hermann Paul, 1926 entworf ginn op Wonsch vum Marquis Falcon de Baroncelli a vum Schmatt, Gédéon Blatière 1930 verwierklecht ginn. De Sënn vum Kräiz wou engem op éischte Bléck een Anker, ee Kräiz an een Häerz opfällt, bedeit de Glawen, d’Léift an d’Hoffnung. All Enn vum Kräz ass een Trident, dat ass d’Spétz vun deem Staf deen de Gardian beim Stéieren-dreiwen benotzt. Dat Monument gouf séier den Embleem vun Saintes Maries de la Mer a vun der ganzer Camargue ma ganz beonnesch vun de Gardians.

Googelt emol : Camargue !