Eng Sammelung oder en Archiv ass nach ee groussen Ënnerscheed !

Mäin Archiv besteet aus Lëtzebuerger Lidder an deen ass op vir jiddereen. Deen een huet ee bal verluerent Lidd, dat bleift hei um Liewen, deen anere sicht Lidder vu féier … déi d‘Elteren an d’Grousselteren gesongen hunn , an déi net méi ze fanne sinn ! An dem Archiv vun 4000 Lëtzebuerger Lidder, mat Weis a Wieder, si muenech Päerelen ze fannen. Zb : d’Kopleschter-Lidd, dat esou gutt ewéi vum Äerdbuedem verschwonne woar, ass elo erëm operstan an op CD ze kréien. Dogéint ass d’Koméidistéck : „Soneli“ nach net erëm fond ginn. Nom Motto:

„ Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen !“

ass dat schon ee wichtegen Kulturellen Archiv . Vir all Fro : jkandel@tango.lu