Gléckwënsch fir 2018 a vill Freed beim Sangen !

" Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen... "

Vill Gléck an eng gutt Gesondheet wënschen ech alle Lieser ...

ma besonnesch all deenen déi mir bis elo gehollef hunn de Lëtzebuerger Lidder-Patrimoine ze erhalen an auszebauen...

AN DEENEN DEI DAT AM LAF VUN 2018 MAACHEN !

Et wier wënschenswäert däer Lëtzebuerger Lidder erëm méi ze héieren, well et gëtt der esëllechen, ganz flotter a fir jidder Geleeënheet. Ob Beruffer, Dierfer a Géigenden, weltlech- a reliéis-Fester a Festdeeg, Iessen, Drénken a Léift, Joreszäiten an Natur, Konscht an Hobby, vu fréier an haut, gudden a schlechten Zäiten, dir fannt doriwwer ee Lëtzebuerger Lidd. Duerfir, wann dir keent hutt, da besuergt iech ee Lëtzebuerger Lidderbuch, ma net fir an d'Regal oder an den Tirang, ma fir doraus ze sangen, mat Bomi a Bopi, Kanner a Kandskanner . A wann dir ee besonnescht Lidd sicht, da frot mech, villäicht ass et schonns a mengem Archiv vun ëm 4.000 Lidder a waart do op Iech !

Ma ech hunn och een “Neit Buch mat ale Lidder” zesummegestallt, mat 45 Lidder déi fréier iwwerall a bei all Geleeënheet gesonge gouwen, ma dunn op eemol bal an de Vergiess gerode sinn. Fir dee Lidderschaz a -Patrimoine erëm opliewen ze loossen ass dëst Buch déi richteg Quell an duerch vill Nofro ëntstan ! Fir nëmmen 20€ (22 € mam Poto) ass et äert !

tel.: 621 665 212 oder jkandel@tango.lu

Also ee gudde Virsaz fir 2018 :... 365 Lidder sangen...

(Foto : Léon Doemer)