„Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goën“

„Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goën“

Ënner deem Motto sinn d’“Becheler Sänger“ virun 12 Joer zu Bereldeng zesummekomm. Mir hu schonns 6 Méint duerno, fir d’éischt , am ganzen 11 mol , d’Octavmass fir déi Häerzoperéiert an der Crypta gesongen. Leider ass déi dëst Joer ausgefall a mir konnten och vum Mäerz un net méi zesumme sangen.

Duerfir profitéieren ech vum Cäeciliendag, fir all de Sängerinnen a Sänger, déi am Becheler vill schéi Stonnen beim Gesank verbruecht hunn, ee grousse merci ze soen, an esoubal „D’loft erëm méi reng ass“ da si mir nees um Dill.

Mir gedenken och all eise Memberen déi an deene Joren verstuerwe sinn a wënschen eis all dovun nach laang verschound ze bleiwen.