Vun hei kënnt dat frëscht Geméis op de Maart !

Um Maart ! - Jean Kandel

Ech ginn nawell gäer heiansdo op de Maart,

Besonnesch "um Knuedler" deen ass ganz appart!

Do kritt ee vun allem an d'Auswiel ass grouss,

Si komme mam Bus, mam Auto an zu Fouss,

Mam Akafsweenchen oder mat engem Kuerf,

Eis Maartleit verdéngen allzäit grousse Luef!


Do kriss de Geméis an Uebst, ganz frësch vum Dag,

Net deier, schéin zerwéiert a viraus geschmaacht!

Et gëtt och Fleesch, Fësch, vill Zorte Brout an Taart,

Vergiess dach emol fir een Dag de Supermaart!

Do vir steet nach een mat Planzen a Blummen.

T' brauch kee sech um "Staadter Maart" ze schummen!


Jidd'ree geet wuel aus enger Uersaach dohin,

Eis Politiker gi muenchmol gäer gesinn!

Begéinen sech hei an engem an're Liicht!

Wat si hei son huet ee ganz anert Gewiicht,

D'Senioren verbréngen hei muenech flott Stonn,

Well d'Maartleit sproche gäer, am léifste bei Sonn!


Loos der et net entgon, géi eemol dohin,

De Maart wäerd och fir dech een Erliefnes ginn!