Auszeechnungen bei der Chorale Ste Cécile Manternach

An der Jubiläumsmass fir den 150. Gebuertsdag vun der Manternacher Kierch, déi de 15. November vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich zesumme mat en etlech Geeschtlechen aus der Regioun gehale ginn ass, sinn dräi Membre vun der Chorale fir hiere laangjäeregen Asaaz mat der Piusmedaille ausgezeechent ginn: Liliane Greiveldinger-Theisen fir 45 Jar, Jean Theisen fir 47 Jar a Roby Mehlen fir 50 Jar Memberschaft, dovun 20 als Dirigent. De Regionaldelegéierten Jemp Stronck huet de Merci vum Pius-Verband ausgedréckt an den Äerzbëschof huet am Numm vun der Kierch Merci gesot an si encouragéiert, sou weiderzefueren.
Fotoen: Edy Frières