Chèque-Iwwerreeschung

Wéi all Joers hat d'Seniorekommissioun vun der Gemeng Manternach op hirer Adventsfeier eng Quête organiséiert an dës Kéier beschloss, den Erléiss un d'Associatioun "Le Rêve du Petit Prince" ze spenden. De Gemengerot huet uschléissend decidéiert, de Montant ze verduebelen a sou konnt den Här Buergermeeschter Jempi Hoffmann den 20. Mäerz 2024 e Chèque vun 3.746.- Euro un d'Associatioun iwwerreechen.