Rendez-vous mat der „gudder aler Zäit“

Generalversammlung vun de Geschichtsfrënn Manternach

am Naturschutzzenter „A Wiewesch“.

No der gewinnter Dagesuerdnung war et eng Présentatioun iwwer déi e bëssen turbulent Geschicht ëm d‘Auswanderung vun der Famill Henri Entringer 1858 vu Manternach no Santa Leopoldina a Brasilien. Op Aluedung vum Bodo Bost, dee gutt Kontakter zu de Lëtzebuerg-Brasilianer huet, waren Nokomme vun der Famill Entringer, déi rëm zu Lëtzebuerg wunnen, an d’Versammlung komm, fir eppes iwwer d’Geschicht vun hiere Virfahre gewuer ze ginn. Kee Wonner, datt et duerno beim obligate Patt ganz lieweg hiergaangen ass.

Foto: Alex Haag