Regionale LEADERDag & 15. Anniversaire LEADER Lëtzebuerg West

15. ANNIVERSAIRE LEADER Lëtzebuerg West

Dëst Joer huet d'LEADER Regioun Lëtzebuerg West seng 15 Joer gefeiert an dat den23. September am Mariendall. All d’Partner goufen zesummegeruff fir a geselleger Kompanie e flotten Owend ze verbréngen, mat Réckbléck op déi lescht 15 Joer.

Dësen Anniversaire gouf kombinéiert mam regionale LEADER-Dag, dee ganz nom Motto „Zesummen an eiser Regioun”, ofgehale gouf. De LEADER-Büro huet och mat dëser Veranstaltung nees op den Austausch an Zesummenhalt tëschent hire Partner gesat.

E flotte Programm, deen duerch Gemeng Helperknapp gefouert huet gouf ofgehalen. D’Presidentin vum LEADER Lëtzebuerg West, d’Christiane EICHER-KARIER huet d’Participante virum Site vum Mariendall begréisst. Mat engem Oldtimerbus goung et dunn bei de Regionalproduzent Gansen-Diseviscourt an de Fënsterdall, wou de Prozess vum Brennen erkläert gouf an d’Participanten och verschidden Drëppen a Likör konnte schmaachen a kafen.

Weider ass et gaangen op Brouch op de neie Schoulcampus, wou de Buergermeeschter vun der Gemeng Helperknapp, Frank Conrad mam Grupp e Rondgank mat Erklärungen iwwert de Campus gemaach huet.

Nom Retour an de Mariendall stoung dunn eng Visitt vum ale Klouschter um Programm. De René Roben, touristesche Guide beim ORT Guttland huet d’Participanten duerch dee renovéierte Site gefouert.

© Fotoen: Alex Loverre