D´Wanderung « Mam Fierschter duerch de Marscherwald », war an dësem Jar eppes Spezielles, eppes ganz Besonnesches.

Vill Naturliebhaber, vill Bekannter vun der alljährlecher Promenade mat de Fierschteren waren och dëst Jar um RDV, bis op d´ Heringer Millen an zréck, mat Musekbegleedung war dësen Trëppeltour ugekënnegt ginn. Op engem schéine Wanderwee, op e Puer Plazen hunn d´Hornbléiser passend Musek gespillt, duerch eng herrlech Natur mat kompetenten Erklärungen vun de Fierschteren, hu mer getrëppelt, sou eppes gëtt et net all Dag.
Vill Gléck mam Wierder hat déi, vun de Fierschteren Théo Moulin an David Farinon organiséiert Wanderung, nëmmen e Puer Drëpsen sinn um Wee laanscht de Kalktuff-Fiels, erof op d´Präiteler Bréck, an erop op "Bangels", gefall. D´Wanderer sinn du zum Pavillon iwwert der Uertschaft Mëllerdall an duerno op der Heringer Millen gangen. Hei konnt ausgerout ginn, de Roby Baden huet eng Visite an der restauréierter Millen als Guide gemaach, duerno guff eng grouss Variatioun vu Produkten aus dem Naturpark Mëllerdall servéiert. En extrae Merci verdéngt de Roby Baden vir alles wat hien, vir des Wanderung op der Heringer Millen organiséiert hat.
Et sollt eng Iwwerraschung sënn, well wou gëtt et bei engem Trëppeltour schonns eng Musekbegleedung? Mä natierlech am schéine Marscherwald an am romanteschen Mëllerdall, engem groussen Erhoulongsbësch, mat schéine Vuen op "d´Schwarz Ernz" an iewer de Mëllerdall, an dobäi mat Blosmusek, dat ass schonns eppes Besonnesches. Sou eng Iddie haten d´ Fierschteren an hu Musek an hir Wanderung vun dësem Jar ageplangt. Hire Fierschterkolleg Fränk Adam an de Militärmuseker Pitt Keller, alle béid talentéiert Hornbléiser ware bereet sech dëser Aufgab unzehuelen. Am Ufank, duerno op gutt ausgewielte Plazen ennerwée, an zum Ofschloss, beim Ausrouen, hunn si gutt ausgewielten Melodien gespillt. Vir des Charge, vir hiren Engagement a vir hir ausgewielte Musek, déi vun alle Wanderer staark appréciéiert ginn ass, verdéngen de Fränk an den Pitt e grousse Merci vu jidderengem. Si haten hiren Optrëtt, deen mat vill Aarbecht verbonne war, gutt virbereet. D´Dohiplätscheren vun der "Schwarzer Ernz“ guff iewertéint vun hirer Musek an de Wand huet hir Melodien duerch de Mëllerdall weidergedroen.
No der Heringermillen goung et iewer den neie Pad laanscht d´Attraktioun vum Mëllerdall, dem Schéissendempel bis zum ale Pompelhäischen vun der Konsdrëfer Gemeng mat sengem trauregen Ubléck, duerno guff e Museksarrêt beim neien Holzpavillon, deen vun de Fierschteren iewer de Wasserbecken vum Kalktuff-Fiels opgeriicht ginn ass, ageluecht.
Nach eng Kéier kuerz biergop a schonns huet beim Fierschteschhaus, e Glas Mëllerdallerwasser, e sëffegen Humpen a séissen Hunneg vum Béiepapp aus dem Marscherwald op d´Wanderer gewaart, déi mat schlappege Been do ukomm sënn, vir sech lo hei auszerouen.
E grousse Luef un d´Fierschteren aus dem Marscherwald vir hir Organisatioun an Erklärungen, dem Robi Baden vir seng Mathëllef an dem Empfang op der Heringer Millen, dem Musekerduo Fränk a Pitt vir d´musikalesch Begleedung vun dësem Trëppeltour. (FSa).

Text: Fred Schaaf Foto: David Farinon/Fred Schaaf