Komm mat iewer den Holzstee vun der « Wâlerbréck » bis zum « Kalktuff-Fiels »

De neien Holzstee vun der « Wâlerbréck » bis zum « Kalktuff-Fiels » - Wou ass dat fro der Iech bestëmmt? Ma natierlech am Marscherwald!

Nodeems d´ Strooss vun der Präiteler Bréck op d´ Reilander Millen erëm op ass, kommt der elo endlech och op dëser Plaz laanscht oder mam Auto dohinner. An dëser Period hunn d´ Fierschteren Thé Moulin an David Farinon an hir Bëschaarbechter mat groussem Idealismus a no gudder Planung hei e 600 Meter laangen Holzstee laanscht an iewer d´ « Schwaarz Iernz » gebaut.

D’Waldbëlleger Gemeng als Träger vun dësem Projet an enker Zesummenaarbecht mat der Konsdrëfer Gemeng a mat der Naturverwaltung hu sech bereet erkläert, fir dëse Projet an d’Realitéit ëmzesetzen. Finanziell ënnerstëtzt gëtt dëse Projet zum gréissten Deel vun der Naturverwaltung mat der Hëllef vum Tourismusministère.

Am Wanter 2013 ass et mat der Planung lassgaangen, d’Genehmegungen si bei deene verschiddenen Instanzen ugefrot ginn, d’Holz ass an de Bëscher vun der Regioun ageschloen, op der Plaz geschnidden a preparéiert ginn. Am Juni 2013 gouf mam Bau vum Stee ugefangen. Op enger Längt vun iwwer 600 Meter goufen 450 Éechepéil laanscht d’ Iernz agestëmmt, 1200 Meter Käffere verschafft an iwwer 3000 Madrille verschrauwt. Donieft hunn och nach missten 3 Brécken iwwert de Waasserlaf vun der Iernz gebaut a verschidde Meter Trëppelpied ugeluecht ginn. Op enger Längt vun iwwer 600 Meter ass et bis elo dee längsten Holzstee aus dem Land a mat Sécherheet eng nei Attraktioun an eiser Regioun.

« Op dëse 600 Meter laanscht d’ Iernz kënnt Dir d’ Dausche vun dësem Floss genéissen an d’Landschaft duerch dësen Dall bewonneren, duerch dat bësse méi fiicht Klima konnt sech eng ganz aarteräich Flora usiddelen, déi Dir während dem Trëppeltour duerch eis Bëscher bewonnere kënnt », so beschreift de Fierschter Théo Moulin dëse Wee iewer den Holzstee vun der Wâlerbréck bis bei de Kalktuff-Fiels.

Mir huelen Iech elo mat op e Foto Trëppeltour iewer dësen herrleche Holzstee an invitéieren Iech äre nächsten Tour duerch d´ Kleng Lëtzebuerger Schwäiz mat enger Visite op dëser Plaz ze verbannen. (FSa)

« Wâlerbréck » = dat ass d´ Bréck vir an de Marscherwald un der Strooss zwëschen der Präiteler Bréck an der Reilander Millen
« Kalktuff Fiels » = d´ Kalktuff Quell fëllt e Waasserbaseng iewer dem Fiels, vun hei leeft Quellewaasser iewer e Kullang a riiselt vum Kalktuff-Fiels erof an e gemauerte Weier