Liichtmëssdag 2019 am Marscherwald

Laang am Viraus war et am Programm vum Naturpark Mëllerdall ugekënnegt ginn, et huet een sech misse umellen, d´Zuel vun de Kanner di matmaache wollten war schnell ausgebucht. Et war eppes Besonnesches mat de Fierschteren David Farinon a Leo Klein, assistéiert vun hire Fierschterkollegen Théo Moulin an Marc Hoffmann Liichtmëssdag am Marscherwald ze erliewen. D´ Fierschteren hunn de Kanner gehollef, si haten alles am Viraus, wéi ëmmer gutt preparéiert, vir am Bësch e Lampion ze bastelen, e sollt ganz natierlech ausgesinn.


Houfreg sinn si duerno mat hirem beliichten Lampion duerch de Marscherwald, et war eng laang Rei vu bal 80 Leit bis bei d´“ Pädagogesch Bëschhaus „ liichte gaangen. Dobäi hunn si dat wäit verbreete Lidd "Léiwer Herrgottsblieschen" gesongen. Et war vir d´Kanner an hir Elteren, déi si begleet hunn eng spannend Atmosphär am Däischteren, iwwer en onbekannte Bëschwee, et louch vill Schnéi, de Wee war propper gemaach an duerch Fackele beliicht. Et war kal a vu wäitem hunn si Lagerfeier beim Bëschhaus wat d´ Fierschteren do ugefaangen haten, liichte gesinn.


Beim Bëschhaus, an der Déift vum Marscherwald, ënner héije Fiichten, waren ronderëm d´Feier Bänken opgestallt ginn, déi Hëtzt huet gutt gedoen. Hei guff et och e waarme Schocki vir d´Kanner an deene Groussen huet de Glühwäin mat den Orangen extra gutt geschmaacht. Als Stäerkung war en deftege Ierbsebulli preparéiert ginn. Et huet u näischt gefeelt, sou ewéi dat ëmmer am Marscherwald de Fall ass. Bei dem helle Liicht vum Feier ass den däischtere Bësch net méi bemierkt ginn, wou muncher Réi verwonnert deem wibbelegen Vollek nogekuckt a onroueg gelauschtert huet. "Léiwer Herrgottsblieschen, gëff äis Speck an Ierbessen“ ass weider gesongen ginn, wann och heiansdo nach aner Lidder ze erkenne waren.


Déi ganz Organisatioun war passend vir Liichtmëssdag, den helle Schnéi, dei beliichte Lampion´en, d´Liicht vun de Fackelen laascht de Bëschwee, d´Flamen an d´Fonken vum Lagerfeier, soll dat net als Virfreed op Fréijoer verstane ginn, dat geschwënn ufänkt. Dem Wonsch vun de Kanner an hiren Elteren no, duerf Liichtmëssdag och nächst Jar erëm am Marscherwald organiséiert ginn. (FSa)