Eischt Schecken fir Télévie an der Aerenzdallgemeng iwwerreecht

Den Adventsmaart am Dezember 2014 vun der Fanfare de Medernach an der Aerenzdallschull war d'Gelegenheet fir den Startschoss ze gin fir den "centre de promesses Télévie Aerendallgemeng 2015".
D’Aerenzdallgemeng (Medernach, Ermsdorf, Eppeldorf, Stegen) huet 2015 d’Eier ee vun de 4 Centres de promesses am Land däerfen ze sinn an domat och d’Chance aktiv un der Lutte géint de Kriibs ze hëllefen.
De 25. Abrëll 2015, dem groussen Dag vum Télévie, ginn dann all d’Suen déi d’Joer iwwer gesammelt a gespent goufen un Télévie iwwerreecht.

A Präsenz vun Carol Bragança, coordinatrice Télévie vun RTL an Mme Marie-Rose SCHAEFFER-SUTOR, Presidentin vun Kiwanis Lëtzebuerg as den offiziellen Startschoss gin vum Buergermeeschter André Kirschten an den President vum Organisatiounscomité Pit Friederes.

Et waren schons 3 Schecken mat Dons fir ze iwwereechen :
- 1100 euro vun der asbl "Eng Uergel fir Medernach" vun der Quête bei hierem Uergelconcert zu Medernach am September 2014
- 1800 euro vum Par Rot vum Erléis vum Verkaaf vun Adventskränz
- 1000 euro vun der Famill Thinnes vun Eppelduerf, den Erléis vum Verkaaf vun Kürbissen.

Den eifrigen Läit en décken Merci fir hieren Asaatz!

Wëllt Dir och en Don maachen fir den Televie Dag 2015 an der Aerenzdallgemeng, dann kënnt Dir dat maachen op den Kont CCRA LU17 0099 7800 0034 0356

Et gët eng sellechen Meiglechkeeten fir Sponsoring, frot w.e.g den Dossier un ennert sponsor@televieaerenzdall.lu oder lued en Iech erof hei um Site

Den Internet Site mat allen Detailer as : www.televieaerenzdall.lu an op facebook kënnt der eis Liken um https://www.facebook.com/pages/Télévie-Aerenzdall/1541419919404700