Stiefesdag zu Medingen

D’Chrëschtzäit ass och am Joer 2017 op Stiefesdag mat enger festlecher Mass zu Méideng an der Kierch gefeiert ginn. Gesank a Musek hunn dës Mass duerch hiert Matwierke verschéinert.

Op traditionelle Wonsch vun der Famill Greischer vu Medingen, huet e klenge Grupp Musikante vun der Harmonie Moutfort-Medingen mat besënnleche Chrëschtlidder d'Mass begleet. Esou huet och d‘HMM duerch hiert Matwierken de Leit vun der Por weider schéi Momenter ëm d'Feierdeeg gewënscht.