Mega- Gebuertsdagsfeier fir 59 Jubilaren am HPPA- St. Joseph


Miersch: Nit manner wi 59 Jubilaren, déi tëschent dem 29. Oktober 2021 bis den 28. Abrël 2022 op d’Welt komm sin, konnt den Direkter Nicky Wintringer vum HPPA- Miersch mat sengem Personal bei der éischter Mega- Gebuertsdagsfeier vun desem Joer zu hirem Anniversaire häerzlich gratuléieren. Beim der Iwerreeschung vun enger Rous als Unerkënneng am festlich gerëschte Festsaal waren d’Vertrieder vun de Gemengen Miersch,(Christiane Haubrich ), Fiels ( Madame Buergermeeschter Natalie Silva mam Nico Dahmen ) an Hëlperknapp (Claude Mathekowitsch) och vun der Partie. Fir di néidig Stëmmung huet den Entertainer Jeannot Conter bäschtens gesuergt. Natirlich huet engt Glas crémant mam Stéck Gebuertagskuch och nit gefeelt. D’Jubilaren waren: Carlo Urwald an Catherine Altman-Schlechter (72 Joer; Zdzislaw Wypchal (75);Anny Goetzinger- Frisch an Emile Schmit- Schiltz (76); Luisa Da Silva (77); Marianne Ludivig- Pick, Catherine Ewertz- Schartz an Gregorio Silva (78); Irma Alen (79); Catherine Cornelius- Reckinger, Adelie Faber, Liliane Schumacher -Reding an Georgette Zenners-Koeune (80); Maggy Lieffring-Raas (82); Sr. Gabriele Thull an Marcelle Garatti-Boentges (83); Annette Steimes-Groos an Gisela Schmidt -Fusenig (84); Victor Betz, Monique Raskin-Steffen, Sr. Paule Detampel an Emile Schloeder (85); Odette Seny- Koepfler, Catherine Petit- Burg, Janine Schmartz- Lange an Eugénie Sabel -Schartz (87); Sr. Marie- Nicole Zahnen (88); Margot Lavina-Kousmann, Sr. M.Nicolas Weiler, Hélène Wirth- Salentiny, Josette Humbert-Lecossois an Marguerite Hansen- Hengen (89); Charlotte Baustert-Krausch an Luce Renson (90); Frank Spielmann,Roger Hilbert, Léonie Koener-Moris, Léon Hoffmann, Cécile Schleimer- Meres, Léon Kayser, Aline Arendt- Mousel an Alice Gantrel- Decker (91); Laure Robert- Wagner, Anna Mertens- Schmitz an Irène Roth- Thomas (92); Lisa Schwartz- Grof an Yvonne Birscheidt- Birtz (93); Marie Bové-Ewert an René Feltes (94); Sr. Marie- Jeanne Raas, Anne Hirt- Thilgen, Irma Müller-Wolsfeld, Sr. Marie- Remy Eipers an Albertine Arendt- Monen (95); Catherine Heisbourg- Soisson (97); Marie Parmentier- Baum, Marie Lecomte- Müller an Maria Neu- Neises (98). (CR) (Foto: Charles Reiser)