Regional Ekipp Lëtzebuerg 2024

Zu Miersch am Garage Thommes goufen d'Coureurë vun der Regional Ekipp Lëtzebuerg fir d'Saison 2024 virgestallt. D'Ekipp besteet aus Coureurën aus verschidde letzebuerger Veräiner, di ze kleng sin, fir eng ganz Ekipp op auslännisch Courssën ze schécken. op der Flèche du Sud probéiere si, och 2024 rëm di bescht lëtzebuerger Ekipp ze gin, sou, wi si dat schonn 2023 waren. Grouss Rendez-vousë sin den Arden Challenge de 27. Mäerz am Eisléck, d'Flèche du Sud (8.5. - 12.5.), den Tour de la province de Liège (18.7. - 21.7.) an d'Ronde van Vlaams Brabant (31.7. - 4.8.)

Op dene wéinige Enn-Dages-Courssën hei am Land fueren d'Jongen natierlich am Trikot vun hirem letzebuerger Veräin.