Après-Nuetskavalkad-Bal
🎉 Nuetskavalkad Bal 2025 – Hei geet d’Party richteg lass! 🎶🔥
De Bal vun der Nuetskavalkad steet virun der Dier, an dëst Joer hu mir e mega Line-up, dee fir déi richteg Party-Stëmmung suergt! 💃🕺
🎺 Live am Festsall: Langer Mütze – e richtege Festsall-Orchester, deen d’Stëmmung zum Kachen bréngt!
🎧 Am groussen, gehëtzten Zelt: DJ FAB – de jonken DJ mat de beschte elektroneschen Beats suergt do fir eng onvergiesslech Nuecht!
🎷 22 Auer virum Festsall: D'Roepoepers – bekannt vum Maacher Wäifest, suergen si fir richteg Stëmmung mat hirem eenzegaartege Sound!
🕘 Bal vun 21:00 bis 02:00 Auer
💳 Cashless Bezuelung – fir déi, déi léiwer mat Boergeld bezuelen, ass eng extra Kees virgesinn.
🎭 Komm feieren, danzen a genéisst déi Nuet mat eis – et gëtt legendär! 🍻🥳