Nuetskavalkad/ Nuetscavalcade/ Cavalcade

09
Mär
2024
09 Mär

Grouss Nuetskavalkad mat 50 verschiddene Fuesgruppen, vu faarwefroue Fouss- a Museksgruppe bis hin zu konschtvoll beliichte Festwéen an Trakteren.

Bewonnert d' "Nuetskavalkad" mat hiren zegdausende Luuchten an erlieft en Ëmzuch am ganz spezielle Liicht, dir wäert staunen!

Special Acts

± 1,5 Tonne Séissegkeeten a Gadget, 1000 Liter Wäin, Likören a Jus an iwwer 2000 Bretzele wäerten un d'Zuschauer verdeelt gin.

Manner Knascht duerch eisen "Bratzelbecher":

Erhalt wärend der "Nuetskavalkad" äre Pfand-Mehrwegbecher mat ärem Entréesticket, beim Zréckginn erhalt dir 2 € oder spent den "Bratzelbecher" an speziell dofir virgesinn a gekennzeechent Behälter. (Erléis zu 100% fir den Télévie)


weider Infoen op www.bratzelgecken.lu


fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt.


Virverkaafspräis - 8 € = 6 € Entrée + 2 € Pfand "Bratzelbecher"

Virverkafsticket - weider Infoen op www.bratzelgecken.lu

www.bratzelgecken.lu