Äschermëttwochfooting lanscht d'Musel


Ob Äschermëttwoch ass de Wandergrupp Rapides Syrdall säin Tour vu Waasserbëlleg ob der Spatz Richtung UNESCO Weltkulturerbe "Igeler Säule" ugetratt. Duerch d’Wéngerten, dee am Wanterschlof sinn, ass et laanscht d‘ “Grutenhäuschen“, d‘Rekonstruktion vun engem réimesche Graftempel gaangen. Ob dem „Igelersprung“ vum „West Wall Bunker“ deen deels gesprengt ass, awer nees befestegt ass, hu mir eng herrlech Vue ob de Museldall genoss. Zu Igel beim réimeschen Undenken, der "Igeler Säule", déi vun de Bridder Secundinius, Stoffhändler ëm 250 no Christus gebaut gin as, hu mir eis erëm ob de Reckwee gemach, fir zu „Bëlleg“ e gudde Maufel zesummen ze genéissen.