Pot du nouvel an am Fleegeheem Waaserbëlleg

Beim Pot du nouvel an vun der Maison de Soins Op Lamp Waasserbëlleg e Freiden de 12. Januar huet Directrice vum Haus, d‘Mme. Mireille Wirtz, alle Mataarbechterinnen a Mataarbechter e grousse Merci gesot fir déi Aarbecht, déi si am leschte Joer mat enger ganz héijer Motivatioun geleescht hunn. Nodeems si de Gäscht an hire Familljen all Guddes fir d‘Joer 2024 gewënscht huet, huet d‘Mme Wirtz vun der Geléeënheet profitéiert fir e puer Schwéierpunkte vun der Aarbecht fir 2024 virzestellen: d‘Weiderentwéckele vun Haus am Kader vum E-Qalin-Prozess, d‘Upasse vum Leitbild u changéiert gesellschaftlech Konditiounen oder d‘Iwwerschaffe vum Projet d‘Etablissement am Hibléck op dat neit Gesetz iwwert Qualitéit an der Fleeg.