Fuesent an der Maison de Soins Waasserbëlleg

Den 08. Februar war et erëm esou wäit: An der Maison de Soins Op Lamp gouf Fuesent gefeiert, wéi et iwwert vill Joren eng laang Traditioun mat dem Fuesbal op Fetten Donneschdeg zu Waasserbëlleg war. D’Bewunner, hir Familljen, d’Mataarbechter an d’Membere vun der Amicale hate vill Freed zesummen. De Romain Thielen huet mat senger Musek fir eng gutt Stëmmung am Festsall vum Fleegeheem gesuergt.