Summerfest an der Résidence Op Lamp Waasserbëlleg
um weitere Bilder zu sehen.
Den 13. Juni huet d’Résidence op Lamp zu Waasserbëlleg bei herrlechem Wieder e stëmmungsvollt Summerfest gefeiert. Bewunnerinnen a Bewunner, hir Familljen an d’Mataarbechterinnen a Mataarbechter an all déi aner Gäscht sinn zesummekomm an hate sichtlech vill Freed. Frëndlech Gespréicher, vill Laachen an eng häerzlech Atmosphär hunn dësen Dag gepräägt.
Gläichzäiteg huet an allen Altersstrukture vu Sodexo Lëtzebuerg en Dag vun der oppener Dier stattfonnt. Och an der Résidence op Lamp hu vill Interessenten d’Geleeënheet genotzt, d’Haus kennenzeléieren, en Abléck an den Alldag ze kréien an Informatiounen ze sammelen. Gläichzäiteg huet och d’Amicale Op Lamp hier Aarbecht mat engem Infostand präsentéiert.
Fir déi musikalesch Héichpunkten huet fir d’éischt d’Chorale Municipale Sängerbond Museldall gesuergt, déi mat hirem schéine Gesang d’Publikum begeeschtert huet. Mat bekannte Lidder a flotte Stëmmen ass eng ganz besonnesch Stëmmung entstanen.
Duerno huet den Duo Südwind mam Marisa de Donato an dem Salvatore de Nardo fir vill Schwong gesuergt. Mat hirer maträissender Musek hunn si vill Gäscht dozou bruecht matzesangen, matzeklappen a matzedanzen.
Och fir déi jéngst Visiteure war gutt gesuergt: Sprangschlässer, flott Tattooen an e variéiert Kannerprogramm hunn hinne vill Freed gemaach a fir genuch Beweegung gesuergt.
Kulinaresch ass och näischt ze kuerz komm. En exzellent Mëttegiessen an eng Cocktailbar hunn d’Gäscht verwinnt. Nomëttes gouf et frësch gebake Wafelen a leckere Kuch beim Kaffi.
D‘Summerfest an der Résidence op Lamp war domat e komplett gelongent Evenement – gepräägt vu Musek, Zesummeliewen a villen onvergiessleche Momenter.