Lëtzebuerger Mëtteg an der Résidence Op Lamp Waasserbëlleg
De 24. Juni, een Dag nom Nationalfeierdag, huet an der Résidence op Lamp eng ganz besonnesch Atmosphär geherrscht: Den traditionelle lëtzebuerger Mëtteg huet Bewunner, Famillen a Mataarbechter zesummebruecht fir e stëmmungsvollen Ausklang vun de Feierlechkeete ronderëm den Nationalfeierdag.
Schonns wann een an de Festsall era komm ass, huet e gesinn, dat dësen Nomëtteg besonnesch war. De Sall war nämlech ganz schéin an de Nationalfaarwe rout, wäiss a blo dekoréiert. Fändele stoungen op den Dëscher an hu fir eng feierlech Ambiance gesuergt.
Fir de musekaleschen Deel hunn d’Gisela Bitdinger an de Claude Weber gesuergt, déi mat hirer Dréiuergel lëtzebuergesch Lidder gespillt hunn, wat d’Nolauschterer begeeschtert huet.
Fir de kulinareschen Deel huet d’Kichenéquipe vun der Résidence Op Lamp gesuergt, andeems si traditionell Iesse proposéiert hunn, nämlech Kniddelen, Ham mat Fritten an Zalot oder Bouchée à la Reine, zesumme mat Wäi vun der Musel a mat lëtzebuerger Béier.
Dësen Dag huet erëm gewisen: och am Alter kann ee feieren an d’Liewe genéissen.