Chrëschtfeier an der Résidence Op Lamp Waasserbëlleg
um weitere Bilder zu sehen.
Den 19. Dezember am leschte Joer war erëm déi traditionell Chrëschtfeier vun der Amicale Op Lamp an der Résidence Op Lamp zu Waasserbëlleg – ee vun den Héichpunkter an der Agenda vum Joer.
Bewunner, Personal, Familljen a Membere vun der Amicale waren am festlech dekoréierte Festsall zesummekomm fir d’Joer ausklénge ze loossen. Bei waarmem Gedrénks, Bûche, verschidden anere Zorte Gebäck a bei ville Gespréicher ass eng familiär Stëmmung entstan, bei der een de Geescht vun der Chrëschttzäit konnt fillen.
Musikalesch begleet gouf de Nomëtteg vum Karin Melchert a sengem Pianist mat stëmmungsvolle Lidder.
E ganz spezielle Moment vun der Feier war d’Iwwergab vum generéise Kaddo vun der Amicale un d’Bewunner: e 86 Zoll grousse Multifuntionsécran. Domatter ass et vun elo u méiglech, gemitterlech Filmowender ze maachen, gemeinsam Kinosnoméetteger oder Presentatiounen. Esou leescht d’Amicale e Beitrag, den d’Zesummeliewen am Haus nach weider verbessert.
D’Mme Mireille Wirtz-Lenertz huet der Amicale merci gesot fir hiren Engagement an déi permanent Ënnerstëtzung iwwert eng Zäit vun entre-temps méi wéi 20 Joer. Dëst Chrëschtfeier weist eemol méi, wéi wichteg Momenter vum mateneen si fir Bewunner a fir hir Familljen.