E fetten Donneschdeg huet sech d’Résidencoe Op Lamp zu Waasserbëlleg erëm an eng Héichbuerg vun de Fuesgecke verwandelt. Ënnert dem Motto „Fuesent Op Lamp“ hunn d’Bewunner zesumme mat hire Familljen, de Mataarbechter a mat de Membere vun der Amicale e wonnerbar Fest am faarweg dekoréierte Festsall gefeiert.
Fir de musekaleschen Encadrement a fir eng entspriechend Ambiance huet de bekannten Entertainer Romain Thielen gesuergt. Mat senger Musek huet hien et gutt verstanen, fir d‘ Nolauschterer ze animéiere fir matzesangen a mat ze schunkelen, esou dat am Sall ganz séier eng herrlech Stëmmung war.
E ganz spezielle „Bléckfang“ waren déi kreativ Kostümer, déi souwuel d’Bewunner an och d’Mataarbechter ugedoen haten. Dëst Diversitéit vun de Kostümer huet ganz vill bäigedroen fir de Succès vun der Feier an huet fir e Laachen an de Gesiichter vun de Participante gesuergt.
Evenementer wéi de Fuesbal sinn e festen Deel vum soziale Liewen an der Résidence Op Lamp, fir de Bewunner eng Ofwiesslung a Freed an hirem Alldag ze bréngen.