« Statiounsfest » an der Maison de Soins Op Lamp

Endlech war et erëm souwäit: de 25. Januar huet an der Maison de Soins ze Waasserbëlleg dat zweet « Statiounsfest » vun der Unité 0 stattfonnt. Familljememberen, Bewunnerinne, Bewunner a Mataarbechter hunn sech am Festsall getraff, den an de Lëtzebuerger Nationalfaarwe festlech dekoréiert war. Nodeems déi Responsabel vun der Unité de vie, d’Mme Nicole Zender an den Här Andreas Roth d’Gäscht begréisst haten, huet d’Equipe vun den Educateuren zesumme mat Bewunner en “Danz am Sëtzen” gewisen. Hei hu sech d’Visiteuren dovunner iwwerzeege kënnen, wéi ee Méiglechkeeten am Alldag bestinn fir d’Mobilitéit an d’kognitiv Kompetenze bei Mënschen an engem Fleegeheem ze erhalen.

Passend zur Dekoratioun an zum Motto vum Owend “Mir wëlle bleiwe wat mir sinn”, huet d’Kichenéquipe e wonnerbare Menu gezaubert mat engem Buffet aus Feierstengszalot, Rieling-Pastéitcher an enger Pâté mat Cruditéitenzalot als Entrée. Als Haaptgang hat een de Choix tëscht Bouchée à la Reine mat Fritten, Träipen oder Kniddelen. All dëst gouf vum Kach als « Life-Cooking-Event » sur Place präparéiert. Den Dessert war e Kaalen Hond an eng Wäincrème.

Iwwert de ganzen Owend goufe bekannt al a nei Lëtzebuerger Lidder gespillt, woubäi d’Participante vum Owend d’Méiglechkeet genotzt hu fir matzesangen.