1. Mee zu Mäerzeg

Pompjeeën, Musik a Chorale hun an der Saitert hir Meekränz gebonnen. No enger Stärkung mat Kaffi, Croissant, Drëpp am neië Böeschpavillon ass et mat Marschmusik durch d'Duerf gaangen wou d'Meekränz op di traditionnel Plaatzen opgehaang gi sin.