D'Jeanny an de Jos Glodt- Ottelé hun zesummen 155 Liewensjoere gefeiert


Mäerzeg: Am Krees vun hirer Famill, Frënn a Bekannten hun d’Jeanny an de Jos Glodt- Ottelé vu Mäerzeg am Restaurant Carpe Diem zesummen 155 Liewensjoere gefeiert. Bei deser schéiner Feier konnt de Jos op säin 80. Gebuertsdag erofkucken. Hien koum den 15. Mäerz 1943 als Jong vum Jean an Suzanne Glodt- Schannes zu Lëtzebuerg op d’Welt. No senger Léiher als Elekriker war de Jos vun 1963 bis 1972 bei der Arbed zu Déifferdeng an duerno bis zu senger Pensioun am Joer 2000 bei Trefilarbed zu Bissen beschäftigt. A senger Fräizäit war de Jos als begeeschterten Pompjeesmann och nach wärend 28 Joer Korpschef vun den Mäerzeger Pompjeeën ganz aktiv. Och seng Fra Jeanny Ottelé konnt zugläich seng 75 Joer feieren. D’Jeanny huet d’Liicht vun der Welt den 22. Mäerz 1948 als Duechter vum Aloyse Ottelé an Maria Eck zu Ettelbréck erblëckt. A sengem aktiven Jugendliewen huet d’Jeanny wärend 5 Joer beim demoligen Aendokter Daman an duerno wärend 12 Joer am Solarium Harpes zu Ettelbréck geschafft. D’Hochzäit vum Jos a Jeanny war den 1. Juni 1968. Aus hirem Bestiednis sin no an no zwou Duechteren an e Jong op d’Welt komm. Haut freet sech d’Famill Glodt- Ottelé op hier 4 Enkelkanner. Bei engem deftigem Menü, Spill a Spass verbonnen mat flotter Danzmusik vum Willy ass desen duebelen Gebuertdag zu Mäerzeg och würdig gefeiert gin. (CR) (Foto: Charel Reiser)