Schülerauditioun 2017 zu Mäerzeg

Op Invitatioun vun der Gemeng Mäerzeg an an Zesummenaarbëcht mat der UGDA'S-Musikschoul waren di vill Kanner houfreg hiren Elteren a Famill virzeféieren wat si di lescht Zäit geléiert a geprouft hun.
De Jean-Marie Thein, Vertrieder vun der Musikschoul huet di gut lokal Zesummenaarbëcht tëschent Gemeng , Responsable local Ugda a Musik.gewürdigt an den Elteren Merci gesoot, datt si hir Kanner motivéieren fir Nouten ze léieren.
Zum Schluss hun de Schäffen Amaro Garcia an de Jean-Marie Thein d'Diplomer vum leschte Schouljoër un d'Schüler iwwerreecht.