Éischt-Hëllef-Cours'en an der Gemeng Miersch oofgeschloss

Virun kuerzem konnten d’Absolventen vum Éischt-Hëllef-Cours aus der Gemeng Miersch hiren Ofschlossdiplom aus den Hänn vum Buergermeeschter Albert Henkel, an dem Responsablen vun der „Administration des services de secours / Division Protection Civile“, Guy Bley, entgéint huelen.

Besonnesch houfreg konnt d’Ofschlossklass 2010/2011 aus der Mierscher Gemeng dorop sinn, dass alleguerten d’Participant’en, déi sech fir déi 14 Duebbelstonnen Formatioun ageschriwwen haten, och bis zum Schluss duerchgehaalen an hiren Schlussexamen mat Bravour gepackt hun.

Als kleng Belounung kruten si alleguerten beim Éierewäin vun der Mierscher Gemeng en Éischt-Hëllef-Set fir an den Auto geschenkt, fir och ëmmer an iwwerall op alles beschtens preparéiert ze sinn...

"Relevé des participants au cours en secourisme tenu par l’instructeur Schmitz Jean-Marie à Moesdorf / Mersch du 18/10/2010 au 17/01/2011" :

ALVES Fabio, Rollingen
BOURSCHEID Roby, Hollenfels
FOHL Ralph, Moesdorf
HECK Liette, Mersch
HERBER Yvette, Mersch
HERBER Noémie, Mersch
JOVANOVIC Julija, Reckange
LAGE David, Mersch
MERZ Heinz, Rollingen
PAX Lydie, Mersch
PINT Marlyse, Mersch
RISCHARD Sharon, Beringen
ROCH Susan, Pettingen
SIEBENALLER Nathalie, Rollingen
TEUSCH Serge, Beringen
WIETOR Robert, Mersch