FLF ënnerschreift Partnerschaft mat Special Olympics Lëtzebuerg

Am Kader vun der europäescher Fussballwoch vu Special Olympics huet d'FLF an hierem Siège zu Monnerch eng Konventioun mat Special Olympics Lëtzebuerg ennerzeechent. Déi Partnerschaft, déi de facto schons zënter bal 20 Joer besteet, gouf mat den Ënnerschreften vun deenen zwee Présidenten, dem Paul Philipp (FLF) an dem Pascale Schmoetten (SOL), elo formaliséiert. Déi Partnerschaft geséit e.a. fir dat d'Traineren vun SOL un de Weiderbildungen vun der FLF können deelhuelen, dat d'FLFL hir Arbitren zu Verfügung stellt fir d'Matcher vun SOL, dat d'Manifestatiounen vun SOL am Beräich Fussball am BIO veröffentlecht ginn an dass zesummen weider um Projet "Unified Football" (gemeschten Equipen mat behennerten an net behennerten Sportler) geschafft get. Bei der Ënnerschrëft vun dësem Accord waren weider d'Vertrider vun SOL Marc Feltgen an Franz Toex präsent.