De Skoda Tour de Luxembourg zu Mutfert

Et war kuerz viru 5 Auer, wéi d'Cyclisten zu Mutfert an de Circuit eragefuer sin. Daat mat enger gudder Verspéidung. De Wand huet nawell ferm geblosen.
Laanscht d'Stroossen hu vill Leit de Peloton ugefeiert. Sou och deen heite klenge Supporter vum Andy. Och wann den Andy nët derbäi war, sou schéngt ët dem Bouf hei dach gefall ze hun.