Medailen op Caeciliendag

Di 3 Gesankveräiner aus der Gemeng Contern hun hier Patréinësch, d'helleg Caecilia gefeiert.
E Samschdeg, den 22. November 2015 hun d'Choralen Caecilia Moutfort, Sainte Cécile Éiter-Schraasseg a "Les Villageois" Contern mat enger feierlécher Mass hir Patréinesch gefeiert. No der Mass, déi vum Paschtouer Nico Schartz zelebréiert gouf, konnten a Presenz vum President vun der Ugda Louis Karmeyer a vum Roby Muller, Member vum Comité Central vum Piusverband verdéngschtvoll Sänger ausgezeechent ginn, an zwar:
Fir 25 Joer Aktivitéit Arnold Schank
Fir 30 Joer Organist Nico Klein
Fir 40 Joer Déngscht Michèle Jung, Virginie Wies, a Suzette Schmit