Lëtzebuerger Bicherfrënn - Dons 2019

d'Lëtzebuerger Bicherfrënn-Les Amis du Livre asbl konnten 48 000 €, den Erléis vum Verkaf vu gebrauchte Bicher am Joer 2019, u verschidde karitativ Associatiounen ausdeelen. Et waren dat: d'Kriibsfuerschung vum Dr. Marc Diederich, ANKAA Projet asbl, Association Don de Moëlle, Alupse asbl, Tornado Affer, Bicherbourse/Focuna 'Bicherfrënn. E grousse Merci un all Donateuren an un all déi, déi Bicher kafe kommen.

Wéi all Joer gouf eng Halschecht vum Comité nei gewielt. Am Comité si fir 2020: Francis Dahm, Präsident - Jos Wagner, Vize-Präisdent - Guy Peiffer, Trésorier - Christiane Krier, Sekretärin - Irène Altman, Frank Hansen, Sonja Probst, Guido Raman, Robert Rocco, Maggy Weber, Memberen.

Info'en iwert d'Lëtzebuerger Bicherfrënn: www.bicherfrenn.lu - an op Facebook: Letzebuerger Bicherfrenn - Bicherstuff Wolz