Generalversammlung mat Scheck-Iwwerreechungen

d'Lëtzebuerger Bicherfrënn - Les Amis du Livre asbl verkafe Bicher aus zweeter Hand déi si gespendt kruten, an d'Sue sinn integral fir karitativ oder kulturell Zwecker.

Dëst Joer konnten iwwert 50 000,- € op hirer Generalversammlung Enn März ausgedeelt ginn (Et feelen op der Foto: den LCSB-Uni.lu, a Kultur/Lx (Bourse Bicherfrënn).

De Comité fir 2024 besteet elo aus 10 Memberen: Francis Dahm, Präsident; Maggy Weber, Vize-Präsidentin; Christiane Krier, Sekretärin; Guy Peiffer, Keessjee; Josée Bredimus-Kohnen; Hansen Frank; Lentz Alain; Obdeijn Rudi; Rocco Robi; Slunecko Paul.

www.bicherfrenn.lu - info@bicherfrenn.lu