Lëtzebuerger Bicherfrënn - Generalversammlung

Op hirer Generalversammlung konnten d'Lëtzebuerger Bicherfrënn-Les Amis du Livre asbl den Erléis vum Verkaf vun de Bicher vum leschte Joer, 30 000 € u verschidde karitativ Associatiounen ausdeelen. Et waren dat: Liewenshaff Merscheed, Médecins du Monde Lëtzebuerg, Op der Schock asbl, Luxembourg-Nepal Kankali School. Doniewt hunn d'Lëtzebuerger Bicherfrënn och nach mat 8 000 € e jonke Lëtzebuerger Auteur ënnerstëtzt, deen 2 Méint an eng Autoren-Residenz op Berlin konnt goen.

No dem offiziellen Deel huet de Marc Schoellen en interessante Virtrag gehalen iwert d'Pobeiermillen an d'Tapéitfabrik vun Senningen, an dobei och de Park an d' Schlass ënnert d'Lupp geholl.

Wéi all Joer gouf eng Halschecht vum Comité nei gewielt. Am neien/ale Comité si fir 2019: Francis Dahm, Präsident - Jos Wagner, Vize-Präisdent - Guy Peiffer, Trésorier - Christiane Krier, Sekretärin - Irène Altman, Aloyse Gaspar, Frank Hansen, Alfred Kipgen, Guido Raman, Robert Rocco, Maggy Weber, Memberen.

d'Lëtzebuerger Bicherfrënn verkafen déi Bicher déi si als Don kréien op 2 Plazen:

1) an der PABEIERSCHEIER, Annexe vis-à-vis vum Schlass zu Buerglënster all Donneschdes (ausser feierdags) vu 5 - 7 Auer, an ALL 1. Sonndeg am Mount vun 2 bis 6 Auer

2) an der BICHERSTUFF zu Wolz (niewt de Prabbeli) och all Donneschdes vu 5 - 7 an all 3. Sonndeg am Mount vun 2 - 5 Auer (d'Bicherstuff ass an de Schoul-Vakanzen zou)