Lëtzebuerger Bicherfrënn: AG a Scheck-Iwwerreechungen

An hirer Generalversammlung vum 28.3.23 konnten d'Lëtzebuerger Bicherfrënn - Les Amis du Livre asbl. - www.bicherfrenn.lu - eng ganz Rei Don'en iwwerreechen.


Dës Suen stamen aus dem Verkaf vu gebrauchte Bicher: an der Pabeierscheier, an der Buerg (Buerglënster), an an der Bicherstuff Wooltz (Wiltz).


Am Ganze waren et am Joer 2022: 58 000 € déi ausgedeelt konnte ginn (mat Télévie 2022, Ukraine (Croix-Rouge, SOS Villages d'Enfants) a Bourse Bicherfrënn).


Mir soen alle fräiwëllege Mataarbechter e grousse Merci, grad esou wéi all deenen déi kafe kommen, an deenen déi eis déi vill gudd Bicher spenden.


www.bicherfrenn.lu - info@bicherfrenn.lu

FB: Letzebuerger Bicherfrenn, a Bicherstuff Wooltz