Nidderaanwener Sportler engagéiert sech fir e gudden Zweck!

De Sven Fielitz vun Nidderaanwen, e bekannten letzebuerger Freestyle Futtballer, huet sech selwer an engem Challenge fir en gudden Zweck erausgefuerdert.

Heen huet e Ball vum Kiirchbierg iwwer 5 km bis op d'Plëss jongléiert, an dobäi 2905€ fir SOS VILLAGES D'ENFANTS MONDE gesammelt, déi fir Hëllef fir vum Krich traumatiséierten Kanner an Famillen am Irak agesaat gin.