90. Anniversaire vun der Madamm Anne Hilbert-Waltzing


90. Anniversaire vun der Madamm Anne Hilbert-Waltzing

Den 21. August 2019 huet Madamm Anne Hilbert-Waltzing hir 90 Joer gefeiert. Dofir krut si häerzlich gratuléiert.

Hei e klenge Bléck op Gebuertsdagskand: D‘Anne Waltzing gouf 1929 zu Fruessem (B) als Zwillingsschwëster gebuer. Hir Elteren déi 9 Kanner haten, waren d’Marie Meyers an den Arthur Waltzing. Den 11. November 1954 gouf si zu Kolpech mam Jean-Pierre Hilbert bestuet, wou si zesummen de Bauerebetrib gefouert hunn. D’Koppel krut dräi Jongen a sechs Meedercher, an hire ganze Stolz sinn hir Enkel- an Urenkelkanner. De Jean-Pierre Hilbert ass leider am Joer 2000 verstuerwen.

Madamm Anne Hilbert-Waltzing ass eng ganz aktiv Fra déi nach ëmmer gären a vill ënnerwee ass. Si ass eng liewensfrou Persoun, lieft nach ëmmer am Heemechtshaus, an bekëmmert sech gären ëm hir Blummen.

De Gemengerot huet hir fir den 90. Gebuertsdag gratuléiert an hofft dass si nach laang bei beschter Gesondheet bleift.