Concours Villages fleuris – Gaart an Heem Uewerkäerjeng gëtt Gewënner bekannt

Kierzlech hat de Gaart an Heem Uewerkäerjeng an de Käerjenger Treff agelueden. 55 Leit hunn dës Invitatioun, gären, ugeholl. Enner de Gäscht waren och de Buergermeeschter Michel Wolter, den Abbé Romain Gillen, grad ewéi deen onofhängege Jury, bestoend aus den Dammen Alix Weimerskirch a Chantal Wirtz. Vertrueden war de Comité vum Gaart an Heem Uewerkäerjeng duerch de Sascha Seresse (President), Marie-Jeanne Schambourg (Vize-Presidentin), Christophe Kieffer (Sekretär), Romy Kieffer-Thill (Trésorière), Henri DeJong an Laurence Koster-Marchal. Excuséiere gelooss haten sech di Hären Jang Nilles a Luc Bauer.

A senger humorvoller Introduktioun huet de Sekretär Christophe Kieffer all d‘Invitéen häerzlech wëllkomm geheescht. E flotte Réckbléck op „CaraMia“ huet e kuerze Filmchen erméiglecht. CaraMia? Jo, …, heibäi handelt et sech em déi wonnerschéi Rous, déi de Veräin virun engem Joer zesumme mat der Gemeng Käerjeng aus der Daf gehuewen huet. Si ass nëmme géint Virbestellung erhältlech a wäert – d‘Waarden huet domat geschwënn een Enn - den 9 Dezember ausgeliwwert ginn.

Uschléissend ass een dann zum eigentleche Sujet iwwergaangen: 25 Gewënner si bekannt an ausgezeechent ginn. Ze bemierken ass, dass et sech de Gemengepapp Michel Wolter net huele gelooss huet, jiddwer Beschenktem perséinlech e flotte Kaddo - mat - ze iwwerreechen. Hinnen all huet hie „Merci“ gesot, droen si mat hierem Engagement dach esou vill zu enger Verschéinerung vun der ganzer Gemeng bäi. Och de Sascha Seresse, President, huet sech impressionéiert gewisen. Wéi vill gutt Aarbecht dach awer erëm vun esou villen geleescht ginn ass. Fir den Owend ofzeronnen, huet d‘Gemeng Käerjeng een Éierewäin offréiert. Dass d‘Invitéeën alles anescht ewéi presséiert ware fir erëm heem ze goen léisst dorop schléissen, dass dësen Owend hinnen ze gefale wousst. E gutt Zeechen.