CaraMia, endlech ukomm.

CaraMia, de „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ huet se zweeanzwanzeg mat de Lëtzebuerger Rousefrënn aus der Daf gehuewen. Giedel a Pätter? Nadine Wolter-Braconnier an Henri DeJong. Et ass eng ganz schéi Rous. Se bestécht. Mat vive Faarwen - déi variéieren a changéieren, vu korallerout iwwer orange bis hin zu rosa, si si kräfteg giel an hirer Mëtt. Mat angeneemem Doft no Freesien grad ewéi mat schéine, gezackte Bléien. Beiefrëndlech ass si och. Et handelt sech bei dëser Rous em eng interessant Créatioun vun deem renomméierte belschen Ziichter Martin Vissers. Dat huet eppes....

An elo? Hunn eng 46 Stéit am ganze Land - vu Rodange iwwer Käerjeng bis erop op Wëlwerwolz och eppes : 163 Rousestäck. All ware virbestallt, esou hunn si, wurzelnackt, een neit Heem fonnt. Sympathesch, deen Uewerkäerjenger Veräin huet se viru wéinegen Deeg bis un all eenzel Hausdier bruecht a perséinlech ausgehännegt. Dozou ass dann och jeeweils eng passend Beschreiwung „an de Grapp gedréckt“ ginn.

Si si kräfteg, et sinn där mat ganz schéine Wuerzelen. Elo kënne se no alle Reegele vun der Konscht „an de Bulli gesat“, mat Wurzelaktivator versuergt a mat Dännesträich zougedeckt ginn. Wann déi näischt ginn …. Wien weider Interesse oder Froen huet, kann sech gären un d‘Sekretariat vum Veräin wennen - ze erreechen ënner c.kieffer@aikq.de an 661 271 070.

Eng Optioun op Nobestellungen ass natierlech ëmmer nach méiglech.