Keng Nolen am Auto mat « Gaart an Heem Uewerkäerjeng »

Ufank Dezember, bannen an der gudder Stuff ginn d’Kanner ginn ëmmer méi wibbeleg. An d’Elteren ? Absolut « tiefenentspannt ». Op emol ass et esou wäit: et schellt. Endlech! Den Nowuess spréngt op, leeft … opmaachen. Yesss!!! Virun der Dier stinn se, zwee sympathesch Gesiichter - allebéid beschtens bekannt. Si si vum „Gaart an Heem Uewerkäerjeng“ a selbstverständlech pünktlech, ewéi ofgemaach. Gutt gelaunt kommen elo och déi Grouss nogeschlappt. Ewéi an de Joren virun, hate si hir Nordmann onkomplizéiert a bequeem bei dësem dynamesche Lokalveräin bestallt – natierlech mat deem praktesche Liwwerservice. E prächtege Chrëschtbeemchen a keng Nolen am Auto, …, ass dat net herrlech?

Änlech Zeenen spillen sech dëser Deeg an der Gemeng Käerjeng - an a villen Nopeschuertschaften - zegfach of. Mol kritt een säin Beemchen opgeriicht, mol gëtt de Gaart an Heem – sief et fir e Kaffi, eng Drëpp oder einfach nëmmen ze „schnëssen“ - bis an d‘Wunnéng eragebieden. Esou vill Gentillesse weess een ze schätzen. Mat Glühwäin an engem Ierbsebulli gëtt sech an der Mëttesstonn dann zesummen am Veräin gestäerkt. Allebéid sinn hausgemaach a wierklech lecker.

Comitésmemberen vum « Gaart an Heem Uewerkäerjeng » sinn aktuell Sascha Seresse (President), Marie-Jeanne Schambourg (Vizepresidentin), Christophe Kieffer (Sekretär), Romy Kieffer-Thill (Trésorière), Hary DeJong, Laurence Koster, Jang Nilles a Luc Bauer. Wien Interesse huet fir matzemaachen ass häerzlech wëllkomm. Renseignementer gëtt et beim Sekretär, ze erreechen ënner „ c.kieffer@aikq.de “ an „ 661 / 271 070 “.

Bref, richteg vill Opwand fir de Veräin, äusserst positiv Commentairen allerdéngs sinn ëmmer nees e Garant fir des Traditioun och weiderhin oprecht ze halen. Den Erléis vun dëser Aktioun fléisst integral an déi nei Veräinstenue.

De Veräin wënscht allen eng schéin Adventszäit.